Logistik an Theatraliséierung

D’Theatraliséierung ass ee wichtegt Element fir den Erfolleg vun all Erfirhiewung. Des kann d’Schafung vun enger bestëmmter Atmosphär, den Asaz vu Beliichtung an Toun, d’Opstelle vu Kulissen oder och d’Animatioun vum Raum ëmfaassen. Zil vun der Theatraliséierung ass et, d’Opmierksamkeet vum Publikum ze kréien, d’Wierkung vun der Botschaft ze stäerken an d’Gesamterliefnis vum Client ze verbesseren. Se ëmfaasst all Method a Mëttel, déi sech op d‘Organisatioun vun enger Déngschtleeschtung oder de Betrib bezitt, wéi z.B. Inzenéierung, Schafung vun Atmosphär an Animatioun.

Verkierzen Méi liesen

Eng breet Palette un Déngschtleeschtungen ënner Beuechtung vun der Ëmwelt

Orava verfüügt iwwer ëmfangräich Erfarung am Ëmgang mat der Theatraliséierung vun Eventer, besonnesch am Opbau vu Werbestänn. Mir bidden eng breet Palette un Déngschtleeschtungen un déi sech net nëmmen op Logistik beschränken. Mir sinn an der Lag, een eenzegaartegt Erliefnis fir Äre Clienten ze schafen, andeem mir ee moossegschneiderte Messestand entwerfen, dee den Image vun Ärem Betrib erëmspigelt an Äre Produit ervirhieft.

Mir si stolz drop, dass mir an der Lag sinn, eis Produite mat héichwäerteg, ëmweltfrëndlechen an erneierbare Materialien ze gestalte well mir der Meenung sinn, dass sech dat positiv op eis Ëmwelt an den Image vun Ärem Betrib auswierke kann andeem mir verantwortungsvoll an ëmweltbewosst handelen. An dësem Sënn entwéckele mir innovativ Designs, fir Produitpräsentatiounen ze schafen, déi net nëmme funktionell, awer och elegant an uspriechend sinn.

Fournisseur vu Material

Mir sinn och an der Lag, de sécheren Transport, souwéi den Op an Ofbau ze organiséieren, kënnen Iech awer och bei der Materialbeschaafung, der Lagerverwaltung an der Koordinatioun mat anerem Ubidder hëllefen, fir ee reiwungslosen Oflaf vun Ärem Event ze garantéieren.

Eist erfuerent Team huet scho vill Erausfuerderunge gemeeschtert, vu Fachmesse bis hun Eventer fir de breede Publique, andeem se logistescht Fachwësse mat theatralischer Kreativitéit kombinéiert, fir eenzegaarteg an onvergiesslech Erliefnisser ze erméiglechen. Mir si bereet, des Kombinatioun anzesëtzen, fir souguer Är komplext Ufuerderungen ze erfëllen. Mir verstinn, dass d’Theatraliséierung ee Schlësselelement fir eng gutt Siichtbarkeet vun Ärem Produit ass, wouduerch mir eis dofir asetzen, Iech ee qualitativ héichwäertegen, effizienten an zouverlässege Service ze bidden.

Mir bei Orava hunn eng Passioun fir Theatraliséierung a si bestrieft, eise Cliente de beschtméigleche Service ze bidden, fir den Erfolleg vun Ärem Event ze garantéieren.

Entdeckt eis aner Servicer

Vous souhaitez travailler en freelance ?

Wëllt Dir als Freelance bei eis schaffen?