Eis Hostessen Déngschtleeschtungen

Mir bei Orava wëssen, dass Hostessen eng entscheedend Roll fir den Erfolleg vun engem Event spillen. Als di éischt Persounen, déi d’Gäscht empfänken, kann hir Begréissung de Gesamtandrock beaflossen. Aus dësem Grond hu mir ee professionellt, flexibelt a méisproochegt Team un Hostessen zesummegestallt, fir Ären internationale Gäscht een ëmfaassende Service ze bidden.

Erfueren Hostessen

Eis Hostesse sinn erfueren a schwätze méi Sproochen, dorënner Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch. Si si flexibel a passen sech Äre spezielle Bedierfnisser un, fir sécherzestellen, dass Är Gäscht sech wëllkomm a wuelfillen. Mir wielen eis Hostesse streng no hirer Professionalitéit, hirer Frëndlechkeet an hirer Fäegkeet aus, een iwwerragende Service mat Méiwäert ze bidden.

Fir den Erfolleg vun Ärem Event ze gewierleesten, schaffe mir enk mat dem Client zesummen a wielen d’Hostessen no Äre spezifesche Bedierfnisser aus. Mir kënne Business-Outfits fir eis Hostessen zur Verfügung stellen, fir ee professionelle Look ze gewierleesten, dee mat Ärer Veranstaltung iwwerastëmmt.

Eng dem Kontext ugepasste Strategie

Ausserdeem sinn eis Hostessen drop geschoult, een éischtklassege Service ze bidden a kënnen sech schnell un all Aart vun Alentour upassen, sief et eng kleng Privatfeier oder eng grouss Betribsfeier. Bei grousse Konferenzen ass e Manager sur Place, deen d’Hostesse besiichtegt an een awandfräie Service garantéiert.

Wann dir Eech fir Orava entscheet, schafft dir mat enger leidenschaftlecher Ekipp zesummen, déi Iech dobäi hëlleft, een angeneemt Erliefnis fir Äre Gäscht ze schafen. Mir lauschteren op Är Bedierfnisser, si verfügbar a flexibel, eis op Är Wënsch anzestellen an Iech bei der Bewältegung vun ongeplangte Situatiounen ze hëllefen, sou dass Äert Event reiwungslos ofleeft.

Kuerz gesot: Mat eisem Team aus erfuerenem méisproochegen Hostesse kënnt Dir Iech sécher sinn, dass Är Gäscht onofhängeg vun hirer Nationalitéit oder Mammesprooch professionell an héiflech empfaange ginn.

Entdeckt eis aner Servicer

Vous souhaitez travailler en freelance ?

Wëllt Dir als Freelance bei eis schaffen?